Brochure_Engageiert_Bierger_Lescht6_24

Wielt den Kandidat aus:

CleanShot%202023 06-01%20at%2021.18.43@2x

Lara Georges

Hallo, mäin Numm ass Lara Georges. Ech si 24 Joer jonk a wunnen zu Bëschdref. Vun Beruff hier sinn ech Joffer am Fonda- mentale. Zudeem sinn ech Member an der Amicale CIS BOAT a sinn aktiv Badmin- tonspillerin. An menger Fräizäit sinn ech sportlech aktiv a liewe mech gäre kreativ aus. An eiser Gemeng léie mir besonnesch d’Schoulkanner, wéi och déi Jugendlech um Häerzen.
Meng Themen: Schoul, Sport a Fräizäit


Bonjour, je m’appelle Lara Georges. J’ai 24 ans et j’habite à Buschdorf. Je suis enseignante dans l’école fondamentale. En outre, je suis membre de l’amicale CIS BOAT et je suis une joueuse active de Bad- minton. Pendant mon temps libre, je fais du sport et j’aime vivre ma créativité. Dans notre commune, ce sont surtout les enfants scolarisés ainsi que les jeunes qui me tiennent à cœur.
Mes thèmes : école, sports et loisirs

CleanShot%202023 06-01%20at%2021.18.43@2x

Thierry Everad

Ech sinn den Thierry Everad an hunn 46 Joer. Ech wunnen zanter 2012 zu Béiwen. Ech hunn zwee Bouwen, ee vun 11 an ee vu 15 Joer. Ech si Patron vum Electro-Center vu Lorentzweiler, Miersch a Biissen. Do- niewent hunn ech nach eng kleng Firma (LED-Center)déihireSetzzuBéiwenhuet. An menger Fräizäit sinn ech am Comité vum US Béiwen aktiv a këmmere mech vill em Leit deenen et net esou gutt geet. Ech maachen do och keen Ënnerscheed ob si Flüchtlingen oder manner bemëttelt sinn.

Je m’appelle Thierry Everad et j’ai 46 ans. J’habite à Boevange-sur-Attert depuis 2012. Je suis père de deux fils, l’un âgé de 11 ans et l’autre de 15 ans. Je suis pro- priétaire de l’entreprise « Electro-Center » de Lorentzweiler, Mersch et Bissen.
J’ai également une petite entreprise (LED-Center) sise à Boevange-sur-Attert. Pendant mon temps libre, je suis actif au sein du comité de l’US Beiwen et je m’oc- cupe beaucoup des personnes en difficul- té, sans faire de distinction entre les réfu- giés et les personnes défavorisées.

CleanShot%202023 06-01%20at%2021.18.43@2x

Lynn Mangen

Mäin Numm ass Lynn Mangen. Ech hunn 25 Joer a wunne séit menger Gebuert ze Bëschdref. Ech hunn meng Pre- mière ze Diekrich am Kolléisch gemaach a sinn aktuell am Master Biologie (Verdéiwung Biomedezin) zu Oochen. Nieft mengem Studium sinn ech an der Jugendkommissi- oun vun eiser Gemeng täteg. Geleeëntlech fueren ech och nach Ambulanz ze Réiden a si Member am CIS Béiwen- Attert. An menger Fräizäit ginn ech gäre mat mengem Mupp spadséieren a verbréngen Zäit mat menger Famill/ Kolleegen. Ech hunn mech dozou entscheet mat an d’Wa- len ze goe well ech mech gären engagéiere fir d’Zukunft vun eiser Gemeng. Besonnesch d’Jugend sou wéi och d’Natur an eiser Gemeng leie mir um Häerz.

Je m’appelle Lynn Mangen. J’ai 25 ans et j’habite depuis ma naissance à Buschdorf. J’ai fait mon bac à Diekirch et actuellement je fais mon master en biologie (approfondie en biomédecine) à Aix-la-Chapelle. À côté de mes études, je suis membre actif de la commission de la jeunesse de notre commune. Occasionnellement, je m’engage dans le centre d’incendie de secours à Redange-Attert ainsi qu’à Boevange-Attert. Pendant mon temps libre, j’aime bien me promener avec mon chien et passer du temps avec ma famille/mes amis.
Je participe aux élections communales pour m’engager pour le futur de notre commune. La nature ainsi que la jeunesse de notre commune me tiennent énormément à cœur.

CleanShot%202023 06-01%20at%2021.18.43@2x

Tun Pinto

Moien, ech sinn den Tun vu Bëschdref. Ech si mat 11 Joer op Lëtzebuerg komm an hunn mäin Beruffsliewen hei zu Lëtzebuerg gemaach. Ech war ëmmer an enger Firma am Qualitéit Management aktiv. An menger Fräizäit war ech 33 Joer laang Trainer vun der Jugend am Fussball zu Steesel. Mëttlerweil si meng Haaptbeschäftegungen eisen Gemeinschaftsgaart ze Bëschdref sou wei och trëppelen an eiser schéiner Gemeng. Wat mir um Häerz léit ass d’Sé- cherheet an den Dierfer, sou wei och den Zesummenhalt tëschent de Bierger. Ausserdeem ass et ma wichteg dass den 3ten Alter besser encadréiert gëtt.


Bom dia, eu sou o Tun Pinto de Buschdorf. Vim para o Luxemburgo quando tinha 11 anos de idade e passei a minha carreira profissional inteira aqui. Fui activo toda a minha carreira na gestão de qualidade.
No meu tempo livre treinei as equipas de futebol juvenil de Steinsel durante 33 anos.
As minhas principais actividades actuais sao as hortas communitárias de Buschdorf e o passeio pela nossa bela região.
O que é importante par mim é a seguranca na nossa região e que a comunidade estaja unida. Alem disso o importante par mim é que os idosos sejam mais bem apoiados.

Bonjour, je suis Tun Pinto de Buschdorf. Je suis arrivé au Luxembourg à l’âge de 11 ans et y ai passé toute ma car- rière professionnelle dans le domaine de la gestion de la qualité. Durant mes temps libres, j’ai entraîné les équipes de football jeunes de Steinsel pendant plus de trois dé- cennies. Aujourd’hui, je consacre mon temps aux jardins communautaires de Buschdorf et aux balades dans notre splendide région.
Ce qui me tient particulièrement à cœur, c’est la sécurité dans notre région ainsi que l’unité et la cohésion de notre communauté. Par ailleurs, je suis fermement convaincu qu’il est primordial de mieux soutenir nos personnes âgées.

CleanShot%202023 06-01%20at%2021.18.43@2x

Luc Scholtes

Ech hunn 41 Joer, wunnen zanter menger Kandheet zu Bruch, si gepacst a Papp vun engem Meedche vun 9 Joer.
Meng Fräizäit gestalten ech gäre mat menger Famill a sinn och sportlech aktiv. Vu Beruff sinn ech Bautechniker a schaf- fen op enger Gemeng am techneschen Déngscht. Mat enger Berufserfarung vu bal 20 Joer weess ech wou de Schong dréckt a kann mat konstruktiven Iddien zu Verbesserungen och an eiser schéiner Ge- meng bäidroen. Als aktive Comitémêmber a fréiere Präsident vun der Elterevereene- gung Helperknapp léit mir d’Wuel vun eise Kanner um Häerz. Donieft gesinn ech och ee Besoin eis Spillplazen an deenen een- zelen Dierfer op de Leescht ze huelen an do Verbesserungen ze maachen.
Déi douce Mobilitéit ass an aller Mond an och hei kann ee Verbesserungen ustriewe fir sou eis eenzel Dierfer besser mateneen ze verbannen an nitt ëmmer mussen op den Auto zréckzegräife fir vun A op B ze kommen.

J’ai 41 ans, j’habite depuis mon enfance à Brouch, je suis en partenariat et père d’une fille de 9 ans. Je préfère passer mon temps libre avec ma famille et j’aime prati- quer du sport.
Diplômé en tant que technicien en génie civil, je travaille dans le secteur public au- près d’une administration communale au sein du service technique. Avec une expé- rience professionnelle de presque 20 ans, je sais améliorer les choses avec des idées constructives également dans notre belle commune.
En tant que membre actif et ancien pré- sident de l’association des parents d’élèves de la commune de Helperknapp, le bien- être des enfants est primordial pour moi. D’un autre point de vue, des améliorations importantes seraient à prévoir sur nos dif- férentes aires de jeux dans nos localités. Des améliorations seraient également à prévoir au sujet de la mobilité douce afin de mieux relier les différentes localités entre elles sans devoir recourir à une voi- ture pour faire ses déplacements.

CleanShot%202023 06-01%20at%2021.18.43@2x

Nico Eich

Mäin Numm ass Nico Eich an ech liewe scho séit 64 Joer zu Tënten. Ech hunn meng Berufflech Ausbildung um Lam- pertsbierg an der Beruffsschoul ofge- schloss an hunn duerno an engem Dach a Kamäin Betrib geschafft.
Am Joer 1982 hunn ech mech selbststän- neg gemaach an hunn een eegene Kamä- inbotzer Betrib sou wéi och den Dach Be- trib ,,Toitures Eich“ gegrënnt.
Ech hunn 1982 zu Tënten Pompjeeë ge- grënnt.
Mëttlerweil hunn ech meng Pensioun, mee sinn nach all Dag beschäftegt. Ech hunn eng Imkerei wou ech iwwer 100 Beievël- ker hunn, an hunn derbäi ee klénge Bau- erebetrib wou ech “Galloway” hunn déi ech selwer ziichten.
Ech engagéiere mech och séit 5 Joer an der Wunneng Kommissioun wou ech mat- kréie wéi eng Problemer sech an deem Be- räich stellen.
Ech hunn mech 2023 an d’Gemenge Poli- tik gemellt fir eppes an onser Gemeng ze änneren.
Mir brauchen zum Beispill méi Platzen déi eis Bierger zesumme bréngen, an eis een- zel Dierfer musse besser matenee verbon- ne ginn, fir dass ons Bierger méi sécher op de Spadséierweeër ënnerwee sinn an deem geféierleche Verkéier entgoe kennen.

Je m’appelle Nico Eich et j’habite à Tun- tange depuis 64 ans.
J’ai réussi mon brevet d’apprentissage à l’école professionnelle à Limpertsberg, et ensuite j’ai été engagé dans une entre- prise de couverture et de ramonage de cheminées.
En 1982, j’ai décidé de travailler comme indépendant et j’ai fondé ma propre entre- prise de ramonage de cheminées ainsi que l’entreprise de couverture “Toitures Eich”. En outre, j’ai fondé le corps des pompiers volontaires de Tuntange en 1982. Entretemps, je suis retraité et je m’occupe tous les jours de mon apiculture qui hé- berge plus de 100 colonies d’abeilles. De plus, comme petit agriculteur local je suis détenteur de 17 “Galloway” que j’élève moi-même. Il y a 5 ans, je me suis enga- gé dans la commission de logement, où je reçois un excellent aperçu des problèmes connus dans ce domaine.
Ayant le souci d’améliorer quelque chose dans notre commune, j’ai posé ma candi- dature aux élections communales 2023.
À mon avis nous avons besoin d’infrastruc- tures adaptées ainsi que des zones vertes aménagées pour réunir nos citoyens. Une meilleure connexion entre les différents vil- lages et un aménagement des chemins ru- raux existants serait de rigueur afin d’évi- ter le trafic devenu de plus en plus dense les dernières années.

CleanShot%202023 06-01%20at%2021.18.43@2x

Paul Mangen

Mäin Numm ass Paul Mangen. Ech hunn 63 Joer a si Papp vun zwee Jongen. No menger Ausbildung am Lycée technique Agricole zu Ettelbréck an am Lycée Agricole Courcelles Chaussy (Frankräich), sou wei enger Weiderbildung un der Andreas Hermes Akademie Bonn, feieren ech mäi landwirtschaftleche Betrib zu Bëschdref. Ech hunn 24 Joer Gemengerotserfarung, dovunner iwwer 7 Joer als Buergermeeschter. Donieft sinn ech Vice President vum Verwaltungsrot vum Sidero, President vun der Commission relations public an eiser Gemeng, President vum Opsiichtsrot vun der Luxlait, Member vum Comité vu Multiple Sclérose Lëtzebuerg MSL ( Bill) a Comitésmember vum U.S. Béiwen. Mir ass besonnesch en gemeinsaamt Zesummeliewen an eiser jonker Gemeng Helperknapp wichteg.

Je suis Paul Mangen, un homme de 63 ans et fier père Je suis Paul Mangen, un homme de 63 ans et fier père de deux fils. Après avoir obtenu mon diplôme au lycée technique agricole d’Ettelbruck, ainsi qu’au lycée agricole Courcelles Chaussy en France, j’ai suivi une formation continue à l’Académie Andreas Germes à Bonn. Par la suite, j’ai repris la ferme de mon père à Buschdorf, où je me consacre de- puis lors à l’agriculture.
Je suis également impliqué dans de nombreuses activi- tés communales et associatives. En effet, cela fait main- tenant 24 ans que je suis membre du conseil municipal, dont plus de 7 ans en tant que bourgmestre. Je suis éga- lement vice-président du conseil d’administration de la Si- dero, président de la commission des relations publiques de notre commune, président du conseil de surveillance de Luxlait, membre du comité de la sclérose en plaques Luxembourg (BILL) et membre du comité de l’U.S. Boe- vange-Attert.
Enfin, la vie communautaire dans notre jeune commune est une cause qui me tient particulièrement à cœur.

CleanShot%202023 06-01%20at%2021.18.43@2x

Emile Splicks

Ech sinn den Emile Splicks an hunn 51 Joer. Ech wunne vu Gebuert un zu Téinten, si bestuet mam Mireille Rabiot a Papp vu 3 Kanner.
No mengem Ofschloss am Lycée techni- que agricole zu Ettelbréck hunn ech de Betrib vu mengen Elteren iwwerholl a si séit 31 Joer Landwirt ze Téinten. Niewt menger Aarbecht, sinn ech am Comité vun Natur an Ëmwelt Téinten sou wéi och Member vun der Feldwee Kommissioun an eiser Gemeng. An menger Fräizäit fueren ech gäre Ski. Mir ass et wichteg dass méi op d’Produzenten aus eiser Gemeng zréck gegraff gëtt.

Je m’appelle Emile Splicks et je suis âgé de 51 ans. J’habite depuis ma naissance à Tuntange, je suis marié avec Mireille Ra- biot et père de 3 enfants. Après mon di- plôme du lycée technique agricole à Ettel- bruck, j’ai repris la ferme de mes parents et je travaille en tant qu’agriculteur depuis 31 ans.
De plus, je me suis engagé comme membre du comité « Natur an Emwelt Téinten » et je fais partie de la commission des che- mins ruraux et forestiers. Pendant mon temps libre, j’aime bien pratiquer le ski. Je suis d’avis qu’il faut supporter d’avantage les producteurs locaux.

CleanShot%202023 06-01%20at%2021.33.38@2x

Stefanie Edert-Block

Mäin Numm ass Stefanie Edert-Block. Ech wunnen um Gréiweknapp, si 45 Joer al, bestuet an hunn 3 Kanner. Ech sinn Infirmière a schaffen als Responsabel-Coordinatrice am Soins à Domicile.
Kuerz nodeems ech am Dezember 2010 an des Gemeng geplënnert sinn, sinn ech der Elterevereenegung Béiwen/ Atert bäigetrueden, wou ech jorelaang engagéierte Mem- ber an och Präsidentin war.
Mam zousätzlechen Engagement als Elterevertrieder hunn ech den Interesse vun Elteren an hire Kanner vertrueden. Meng Decisioun mat an d‘Walen ze goen, ass duerch mäin Wonsch komm, mech weiderhi sozial ze engagéieren a mech virun allem fir eis eeler Generatioun anzesetzen a staark ze maachen.
Fërderung vun eise Kanner a Jugendlechen ass e weidere Volet fir den ech mech wëll asetzen.
Meng Famill gëtt mir dee néidegen Appui an ënnerstëtzt mech a mengem Engagement. Energie an Ausgläich fan- nen ech duerch meng Hobby‘en wéi Yoga, Spadséiere goen an d‘Natur genéissen.


Je m’appelle Stefanie Edert-Block et j’habite à Grevenknapp. Âgée de 45 ans, je suis mariée et mère de trois enfants. En tant que diplômée en soins infirmiers, je travaille en qualité de coordinatrice-responsable dans le domaine des soins de santé à domicile.
Peu de temps après mon déménagement dans notre commune en décembre 2010, j’ai rejoint l’association de parents de Boevange-sur-Attert. J’y suis restée membre pendant plusieurs années, pour ensuite reprendre le poste de présidente.
En tant que représentante des parents, les intérêts des enfants et de leurs familles me tenaient toujours à coeur.
Ma décision de me porter candidate pour les élections communales est motivée par mon désir de continuer à m’engager socialement, ainsi que de m’investir particulièrement pour les générations plus âgées.
La promotion de nos enfants et de nos jeunes est également une priorité pour moi. Je suis entourée d’une famille aimante et attentive, qui me soutient pleinement dans mes projets. Pour me ressourcer, j’aime pratiquer des activités relaxantes telles que le yoga, les promenades ou encore admirer les beautés de la nature.

CleanShot%202023 06-01%20at%2021.32.34@2x

Josy HUBERTY dit Beiejosy

Ech sinn den Huberty Josy, genannt Beiejosy, an hunn 69 Joer. Ech wunnen zanter 10 Joer ze Huelmes. Ech sinn e Briddeler Jong a war och 10 Joer am Ge- mengerot zu Koplescht. Mäi Beruffslie- wen hunn ech awer bal ganz zu Huelmes verbruecht, am Centre d’Écologie et de la Jeunesse. Ech hunn de Kanner a Jugend- leche probéiert d’Natur méi no ze bréngen duerch vill Excursiounen an de Bëscher, iwwer Wisen,laanscht Baachen a Weieren a bei de Beiestand (dofir och mäi Spëtz- numm).
An der Gemeng Helperknapp wëll ech mech asetze fir eng gesond Ëmwelt an den Erhalt vun den Aarten. Och d’Jugend bleift bei mir ganz uewen um Ziedel, a wéi soll a mengem Alter anescht sinn, natier- lech d’50+ Matbierger.

Je suis Huberty Josy, appelé „Beiejosy“, et j’ai 69 ans. J’habite à Hollenfels depuis 10 ans. Je suis un natif de Bridel et j’ai égale- ment siégé au conseil communal de Kops- tal pendant 10 ans. J’ai consacré la ma- jeure partie de ma carrière professionnelle à Hollenfels, au Centre d’Écologie et de la Jeunesse. J’ai cherché à rapprocher les enfants et les jeunes de la nature à travers de nombreuses excursions dans les forêts, les prés, le long des rivières et des étangs, ainsi qu’auprès des apicultures (d’où mon surnom).
Dans la commune de Helperknapp, je sou- haite m’engager pour un environnement sain et pour la préservation des espèces. La jeunesse reste une priorité pour moi, ainsi que les citoyens de plus de 50 ans, qui constituent une partie importante de notre communauté.

CleanShot%202023 06-01%20at%2021.34.00@2x

Stefanie Edert-Block

Moien, mäin Numm ass Sam Reding, si 26 Joer al, a Wunne séit dem Joer 2009 zu Béiwen-Attert. Ech schaffe séit 2022 als Beruffspompjeeë an der Stad Lëtzebuerg an do virdru war ech 4 Joer an der Infir- merie vun der Arméi.
An menger Fräizäit sinn ech zu Béiwen bei de Pompjeeën aktiv, a maache gäre Sport wei zum Beispill Lafen, Fussball oder Crossfit.
Mir leit besonnesch d‘Zukunft vun eise jonke Matbierger sou wei och d‘Sécher- heet an der Gemeng um Häerz.

Bonjour, je m’appelle Sam Reding et j’ai 26 ans. J’habite dès 2009 à Boevange-sur-At- tert. Depuis 2022 je travaille en tant que pompier professionnel auprès de la ville de Luxembourg. Auparavant j’ai travaillé dans le service médical de l’armée luxem- bourgeoise. Pendant mon temps libre, je suis membre actif des pompiers à Boe- vange-sur-Attert ainsi qu’à Redange. En outre j’aime la course à pied, le crossfit et jouer au football.
Le futur de nos jeunes habitants ainsi que la sécurité de notre commune me tiennent particulièrement à cœur.